7-Punkteplang vun der CSV fir letzebuerger Wirtschaft 04.05.2009

De 7- Punkteplang vun der CSV fir déi letzebuerger Wirtschaft

Interventioun vum Michel Wolter

1. D’CSV ass fun der Noutwendegkeet vun engem breeden Opstellen fun eiser Wirtschaft iwerzeegt. Dozou geheiert e vernetzt Ugoen un d’Meiglechkeeten dei sech eis bidden. Zousaetzlech zu den Initiativen, dei den Luc Frieden an den Loulou Schiltz elo schons ernimmt hun well d’CSV versichen Betrieber, Fuerschung, Universiteit a Start-Up nach mei no mateneen ze vernetzen. De Site vun Esch-Belval waert eis an dénen naechsten Joer reimlech d’Meiglechkeet bidden, dest ze erréchen. Besonnesch dei propper, zukunftsorientéierten Industrien brauchen e performanten Hannergrond vu Fuerschung an universitärem Enseignement. Dat hu mer an zwee oder dräi Beräicher fäerdeg bruecht wei zb an der Materialwëssenschaft, wou mir entretemps zu Letzebuerg en Europäesch unerkannten pôle d’excellence duerstellen, an dee Prinzip wellen mer weider ausbauen an entweckelen.

2. D’Grondlaag vun eiser wirtschaftlecher Entwécklung ass zu Letzebuerg de mëttelstännesche Betrieb. Dat bleiwt och esou. Duerfir well d’CSV och an daer nächster Legislaturperiod eng spezifesch Politik fir mëttelstännesch Betrieber bedreiwen (iwer 15.000 Betrieber, beschäftegen 150.000 Leit). Den Ausgangspunkt dofir ass den Aktiounsplang fir mettelstänneg Betrieber, dén an deser Legislatur opgeluecht ginn ass. D’CSV wellt desen Plang weider ausbauen an dém mer notamment den Arsenal vun Ennerstetzung den Noutwendegkeeten vum Moment upassen, d’Instrumenter vun der SNCI verstärkt asetzen an IVL-konform Gewerbezonen ausweisen.

3. Betriebsgrënnunge si wichteg. Den Entrepreneursgeescht ze foerderen, setzt viraus, datt et an eiser Gesellschaft eng Kultur vun der Selbststännegkeet gëtt. Mir bekloen eis all vill an dénen leschten Joeren, dass désen Geescht net esou besteet, wei et neideg wier. Dofir well d’CSV en onkomplizeierten Statut vum Selbstännegen schaafen. Dozou geheiert an eisen Aen ennert anerem:
- eng Definitioun vum Statut;
- d’Ophuelen vun allen op dei Selbstänneg ausgeriichten an net kodifizeierten Dispositiounen an ee kohehenten Text;
- d’Schaafe vun der Meiglechkeet sech geint laangfristeg krankeetsbedingten Lounausfäll ofzesecheren als Komplément zu daer am Eenheetsstaut agefeierter Meiglechkeet, Akommesverloschter bei kurzfristeger Krankheet auszegleichen.

4. Betrieber sinn do, fir Produkter an Dingschtleeschtungen unzebidden, an net fir Formulairen auszefëllen a Statistiken opzestellen. Déi administrativ Vereinfachung muss fortgefouert ginn. D’Verwaltung ass amgaang, sech do ëmzestellen a méi op d’Bedürfnisser a Méiglechkeete vun de Betrieber anzegoen. Dess Emstellung geseit d’CSV och am Kader vun der Emsetzung vum Prinzip vum e-government, dén an dénen leschten 5 Joer eist Land vun daer zweetleschter Platz op dei 7. an Europa eropbruecht huet. E-government ass och e Beispill dass dei jonk Beamten am Staatsdingscht haut e ganz aneren Emgang hun zu den neien Technologien an der Informatik.

5. Dat steierlecht Ëmfeld vun de Betrieber, grad ewéi och d’Lounstruktur, mussen esou bleiwen, datt Lëtzebuerg als Standuert unzéiend ass. Zousätzlech zu dénen Efforten, dei vun mengen Virriedner ugefouert si ginn wellt d’CSV sech och an Zukunft dofir asetzen, dass eist Land e Land vun niddregen Lounniwenkaeschten bleiwt. Niddreg Lounniwenkaeschten bedeiten en net ze ennerschaetzenden Kompétitiviteits-firsprong am europäeschen Emfeld.

6. Energiepolitik ass Emweltpolitik an domat en Deel vun Wirtschaftspolitik. All Produktioun brauch Energie. Déi produzéiere mer zu Lëtzebuerg net an ausreechendem Mooss selwer, a mer wäerten nie zum komplette Selbstversorger ginn. Trotzdeem musse mer den Usproch hunn, ëmmer méi vun der Energie, déi mer brauchen, och selwer hierzestellen. An de Beräicher Wand- a Sonnenenergie ass do nach vill Potenzial ze notzen. D’CSV well d’Energieeffizienz an d’Luucht setzen, net nemmen an den Industriebetrieber, mais och an den Dingschtleeschtungsbetrieber an bei den Leit doheem. Doraus erginn sech zwee Avantagen: manner Energieverbrauch a manner Käschten op daer enger Seit, nei Arbechtsplatzen besonnesch am Bereich vum Handwierk op daer anerer Seit. Och op desem Plang wellen mer vernetzt firgoen: wann mer et faerdeg brengen, Gring Zukunft, Energie an Technologie mat IT ze verbannen, erginn sech secher eng Rei vun potentiellen Entwecklungschancen fir eist Land.

7. Onwessenheet ass oft gleichbedeitend mat Cliché. Dei lescht Wochen a Meint huet sech gewisen, dass net iwerall an net bei jidderengem Letzebuerg als daat gesinn gett, waat et eigentlech ass, net emol an eisen direkten Nopeschlänner. D’Vermaartung, dei positiv Duerstellung vun eisem Land an der Welt muss resolut fortgesat ginn. Haut geseit een wei wichteg et war, dass an dénen leschten Joeren d’Agencen vun Luxembourg for Finance an Luxembourg for Business geschaafen si ginn, souwei d’Initiativ Luxembourg for ICT (Information and Communication Technologies). An dénen nächsten Joeren well d’CSV dess Instrumenter nach weider vernetzen an professionaliseieren. Mir mussen a wellen eis Image de Marque an der Welt verbesseren an dobaussen d’Leit dervun iwerzeegen, datt Lëtzebuerg als Standuert fir Produktioun an Dingschtleeschtung exzellent ass.

Am résumé: D’CSV ass gewellt, och an Zukunft eng konsequent Politik fun der wirtschaftlecher Weiderentwecklung ze bedreiwen als Grondlaag vum Wuelstand fun eis all.

""

ribs